
D’Protester hu sech géint d’Impfflicht am Gesondheetswiesen an de “pass sanitaire” geriicht. Bei de Protestmärsch an der Haaptstad sinn ëmmer nees Wierder wéi “Fräiheet” a “Widderstand” vun der Mënschemass geruff ginn. Eng 160.000 Leit sollen uechter ganz Frankräich demonstréiert hunn. Wéi et vun der Police heescht, wiere 16 Persoune festgeholl ginn. 3 Poliziste goufen am Asaz blesséiert.
Zanter Mëtt Juli protestéieren dausende vun Awunner géint d’Coronamesuren. D’Kritik gëllt virun allem dem Gesondheetspass, deen an deene meeschte Beräicher vum ëffentleche Liewe mëttlerweil obligatoresch ass. An de Banneraim vu Restauranten a Caféen, am ëffentlechen Transport oder a verschiddenen Akafszentere muss ee jo noweise kënnen, dass ee geimpft, geheelt oder getest ass.
