Géint de Coronavirus20 Millioune Britte goufe bis ewell geimpft

RTL Lëtzebuerg
A Groussbritannien ass domadder scho bal en Drëttel vun den Awunner geimpft.

Iwwer 20 Millioune vun de 66 Millioune Britte krute schonn op d’mannst eng Impfdosis géint de Coronavirus. Dat wier eng enorm national Leeschtung, sot de Premier Boris Johnson e Sonndeg, an huet de Mataarbechter aus dem Gesondheetssecteur Merci gesot.

Bis Enn Juli soll all Erwuessenen a Groussbritannien eng Invitatioun kréien, fir sech impfen ze loossen. Bis ewell sinn nëmmen d’Vereenegt Arabesch Emirater an Israel méi séier.

Back to Top
CIM LOGO