
Véier weider Persoune géifen nach vermësst ginn, sou d’Noriichtenagence Xinhua um Freideg. Wéi de Büro fir Katastrophe-Management zu Hubei matgedeelt huet, goufe ronn 6.000 Awunner aus der Provënz virun de Waassermassen a Sécherheet bruecht. Déi extrem Reefäll hunn och Stroumausfäll an Äerdrutsche verursaacht.
Op Video-Biller war ze gesinn, wéi d’Awunner probéiert hunn, sech an iwwert 1 Meter héijem Waasser a Sécherheet ze bréngen. Honnerte Pompjeeën an dausende Polizisten an Zaldote waren am Asaz.
An de leschte Méint ginn et ëmmer méi dacks extrem Nidderschléi a China. No Aschätzung vun Experte sinn déi eng Konsequenz vun der Klimakris a vun der globaler Erwiermung.
Am Juli waren an der zentralchinesescher Provënz Henan méi wéi 300 Mënsche bei Iwwerschwemmungen no staarkem Reen ëm d’Liewe komm. Meteorologe warnen, datt d’Onwieder nach bis an déi nächst Woch undauere kéinten.