
Dofir kéint ee kee Risiko agoen, esou d’Premierministesch Jacinta Ardern, déi annoncéiert huet, datt vum Dënschdeg u fir 3 Deeg alles zoubleift. D’Restriktioune fir Auckland an d’Coromandel-Géigend nobäi gëlle fir 1 Woch.
Et géing een op anere Plaze gesinn, wat kéint geschéien, wann een net séier reagéiere géing, esou d’Jacinda Ardern an enger Tëleesusprooch, an huet op Australien verwisen, wou d’Autoritéite sech schwéier dinn, déi méi ustiechend Variant an de Grëff ze kréien. Eng séier a staark Reaktioun wier besser, wéi datt een duerno laang géing am Lockdown hänke bleiwen.
Et ass onkloer, wou den 58 Joer ale Mann vun Auckland sech ugestach huet, e weidere Grond fir déi staark Reaktioun vun der Regierung. Et kéint een de Fall net op d’Grenz zréckféieren, esou de Santésdirekter Ashley Bloomfield. Dofir misst een dovunner ausgoen, datt et nach méi Fäll an der Géigend kéinte ginn.
Neiséiland gouf dacks fir d’Gestioun vun der Corona-Pandemie gelueft. Duerch déifgräifend Mesurë bei eenzele Fäll a streng Kontrollen op de Grenze goufen et hei verhältnisméisseg wéineg Doudesaffer: 26 bei 5 Milliounen Awunner. Zanter méi wéi engem Joer gouf et keen nationale Lockdown an d’Liewe konnt mat ganz wéinege Restriktioune viru goen.
Op där anerer Säit schleeft awer d’Impfcampagne an Neiséiland. Nëmmen 20% vun den Awunner si bis ewell fäerdeg geimpft.
