D’Pandemie suergt an Europa nees fir Kappzerbrieches. An Däitschland goufen um Donneschdeg, wéi och an Holland, esou vill Neiinfektioune gemellt wéi nach ni zanter dem Ufank vun der Pandemie.
Iwwer 50.000 Nei-Infektiounen goufen a 24 Stonne bei eisen däitschen Noperen gemellt. An dat grad um 11.11, deem Dag, wou an de Karneval-Héichbuergen déi 5. Joreszäit agelaut gouf.
Bei deene meeschten Evenementer gëtt op den 2G-Modell gesat, dee net-geimpfte a net-geheelte Persounen ausschléisst. Bei enger Inzidenz, déi den Ament bei 249,1 läit, steet awer d’Fro am Raum, ob sech de Virus och bei 2G-Partien net awer ze vill séier kéint weider verbreeden.
A Frankräich huet d’Regierung decidéiert, dass d’Kanner an de Grondschoulen am ganze Land nees mussen d’Mask unhalen. Donieft leeft fir Leit iwwer 65 Joer, déi virun méi wéi 6 Méint geimpft goufen a sech net geboostet hunn, de Pass Sanitaire nees of. Dat wäert dann och fir d’Touriste gëllen.
Op d’Booster-Impfung hofft och d’Belsch, woubäi déi drëtt Dosis hei fir jiddereen recommandéiert gëtt. Mat enger Inzidenz vun ëm 600 läit eist Nopeschland den Ament relativ héich, mee awer nach ënnert dem Rekord vun iwwer 1.000 am leschten Hierscht.
An Holland, wou et an der Lescht relativ large Mesuren gouf, soll e Freiden iwwert e Lockdown vun 2 Wochen decidéiert ginn. Och d'2G-Regel steet do am Raum.
An Éisträich geet elo dat éischt Bundesland op de Wee vun engem Lockdown fir Leit, déi net geimpft sinn. Nämlech Ober-Österreich, ronderem d’Stand Linz, mat ëmmerhin annerhallwer Millioun Awunner.
D’Situatioun wier dramatesch, an dofir misst een déi lescht Méiglechkeet vum 5-Stufe-Plang zéien.
Dat Ganzt soll vun e Méindeg u gëllen, allerdéngs brauch een nach gréng Luucht vun der Zentralregierung zu Wien, well e Lockdown reng fir net geimpfte Leit juristesch op wackelege Féiss steet.