
Engem Rapport vu “Save the Children” no, hunn zejoert 589 Millioune Kanner, dat ass bal all 4. Kand op der Welt, an engem Konfliktgebidd gelieft. Dausende sinn ëmkomm oder goufe blesséiert. 44% vun de Kanner hunn an engem afrikanesche Land gelieft. Besonnesch staark ass d'Zuel vun de betraffene Kanner am Noen Osten an d'Luucht gaangen.
De Rapport weist och, datt schwéier Verstéiss géint Kanner an arméierte Konflikter weider zouhuelen. Déi meescht dokumentéiert Fäll betreffen Doudesaffer a Verstümmelungen. Gläichzäiteg ass d'Blockéiere vun humanitärer Hëllef déi Violatioun, déi am séierste wiisst: D'Zuel vun de confirméierte Fäll ass vun 509 am Joer 2015 op 8.322 am Joer 2025 geklommen. Méi wéi 70 Prozent dovu concernéiere palästinensesch Kanner.
Zanter 2005 goufen och bal 29.000 Fäll vu Vergewaltegungen an aner Forme vu sexueller Gewalt géint Kanner verifizéiert. Déi meescht dovu goufen an der Demokratescher Republik Kongo, a Somalia an am Tschad registréiert.
Save the Children warnt, datt Kricher ëmmer méi schwéier Konsequenze fir Kanner hunn an fuerdert d'Konfliktparteien op, d'internationaalt humanitäert Recht ze respektéieren, Kanner besser ze schützen an den Zougang fir Hëllefsorganisatiounen net ze behënneren.