
Corona-Impfflichte ware mënscherechtskonform. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg festgehalen. 3 Fransousen hate geklot, e Pompjee an zwee Mataarbechter aus Spideeler. Si ware vun hirer Aarbecht fräigestallt ginn a waren net bezuelt ginn, well se refuséiert hate sech impfen ze loossen.
Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet festgehalen, datt sou eng Impfflicht fir gewësse Beruffsgruppen net géint d'Mënscherechter verstéisst. An enger Pandemie hätten d'Länner e grousse Spillraum wéi se déi Pandemie bekämpfen a virun allem wéi se vulnerabel Leit wëlle schützen.
D'Decisioun vum europäesche Geriicht war awer net eestëmmeg. E Schwäizer Riichter huet säi Vott publizéiert. Fir hie goufen d'Mënscherechter vun deenen 3 Beschäftegte verletzt, well se net méi hunn dierfe schaffen a kee Geld kruten. Dat kéint hinnen hir Existenz ewech huelen. Et hätt ee sech sollen aner Léisungen iwwerleeën.