
Et gouf mat Steng geworf, Autoen a Brand gestach an d’Police huet mat Schëss reagéiert. Gëschter ass eng Maniff géint d’Corona-Reegelen zu Rotterdam eskaléiert. D’Hollänner sinn haut entsat iwwer d’Ausmooss vum Schued an de Biller vun der Gewalt.
7 Persoune goufe blesséiert a bal 20 Persoune goufen nach an der Nuecht festgeholl. De Justizminister huet iwwerdeems vun “extremer Gewalt” géint d’Police an d’Pompjeeë geschwat. Et géing elo alles gemaach ginn, fir déi puer honnert Randaléierer ze fannen an ze bestrofen.
Zanter leschtem Weekend sinn d’Hollänner nees an engem hallwe Lockdown. D’Supermarchéen, d’Bistroen an d’Restaurante musse spéitstens um 8 Auer zou maachen. Aner Geschäfter schonn um 6.
Méi fréi hat et geheescht, d’Police hätt e puer Warnschëss ofginn. Honnerte Mënschen haten an der hollännescher Hafestad deels mat Gewalt protestéiert, woubäi Trottoiren a Stroossen, sou wéi och Policeautoen, a Brand gestach goufen a Leit mat Steng op Polizisten a Pompjeeë geschoss hunn. Dosende Persoune goufe verhaft.