Lag an Afghanistan7 Doudeger bei Massepanik virum Fluchhafen zu Kabul

RTL Lëtzebuerg
D'Panik an de Chaos virum Fluchhafe si grouss, mat Dausende Leit, déi drop waarden, virun den Taliban a Sécherheet bruecht ze ginn.

Am Chaos ronderëm de Fluchhafe si 7 Mënsche gestuerwen, dat mellt de brittesche Verdeedegungsministère e Sonndeg de Moien. E Spriecher vum Ministère huet de Famille vun de 7 verstuerwenen Afghane Bäileed ausgeschwat. “Eis Gedanke si bei de Famille vun de 7 afghaneschen Zivilisten, déi ënner trageschen Ëmstänn zu Kabul gestuerwe sinn”, heescht et am Statement vum Verdeedegungsministère.

E Samschdeg den Owend eiser Zäit hat schonn ee Korrespondent vu Sky News vu chaoteschen Zeene virum Fluchhafe geschwat, bei deene Leit zu Doud gequëtscht gi wären.

Dausende Leit hoffe weider op Rettung

Wéi et vun der brittescher Regierung heescht, wären d’Konditiounen um Terrain nach ëmmer immens schwiereg, ma et géing een alles maachen, fir d’Situatioun sou sécher wéi méiglech ze geréieren.

Bei Temperature vun iwwer 30 Grad waarde weiderhin Dausende vu Mënsche virum Fluchhafen. D’Tëleeschaîne CNN huet vu 14.000 Persoune geschwat, déi hoffen, op de Fluchhafen ze kommen, fir ee vun den Evakuéierungsflich ze kréien. Aenzeie schwätze vu Schëss vu Sécherheetsautoritéiten an d’Loft an dem Asaz vun Tréinegas. D’Taliban sollen donieft Mënsche Gewalt undoen.

E Sonndeg de Moien eiser Zäit hunn Aenzeie gemellt, datt et elo eng Zort Uerdnung virum Fluchhafe géif ginn, d’Taliban sollen dës organiséieren. Si géife Mënschenusammlunge ronderëm de Fluchhafe verhënneren a fir uerdentlech Waardeschlaange baussent dem Fluchhafe suergen.

Der Nato an den Taliban no sinn zanter dem leschte Sonndeg ronderëm an um Fluchhafen am Ganzen 12 Mënschen ëm d’Liewe komm.

Hoffnung op eng Léisung fir Lëtzebuerger Residenten op der Plaz

Fir d’Lëtzebuerger op der Plaz aus dem Afghanistan erauszekréien, ginn et elo diplomatesch Kontakter mat Däitschland, fir d’Leit mat engem Convoi op de Fluchhafen ze begleeden. Dat hat den Ausseministère e Samschdeg den Owend matgedeelt. Rieds geet jo vun 9 Leit mat direkte Lienen zu Lëtzebuerg, dorënner 3 Kanner.

Am Kader vun der Lëtzebuergesch-Belscher Evakuatiounsmissioun goufen e Samschdeg 170 Persounen aus Kabul erausbruecht. 34 Leit sinn e Samschdeg doheem an der Belsch ukomm, sou de belsche Verdeedegungsministère.

Attack vun IS gefaart

Ronn 60 Natioune sinn zu Kabul vertrueden. Si sichen nom Chaos an de leschten Deeg och no anere Weeër, fir d’Mënschen evakuéieren ze kënnen. Alles an Ofstëmmung mat den Taliban, sou d’USA. Auslännesch Persounen, Afghaninnen an Afghane solle sech elo op anere Plazen an der Stad zesummefannen, fir da mat Helikopteren an anere gepanzerte Gefierer op de Fluchhafe bruecht ze ginn. Däitschland an d’USA setzen aktuell schonn Helikopteren an, fir d’Leit op de Fluchhafen ze bréngen.

D’Leit kréien dann och geroden, eréischt op de Fluchhafen ze kommen, wa se geruff ginn. Wéi et heescht, gëtt en Attentat duerch den islamesche Staat gefaart.

Back to Top
CIM LOGO