Protester an der BelschFluchlotse kéinten am Dezember a Januar d'Aarbecht eng weider Kéier néierleeën

RTL Lëtzebuerg
Den Drock op d'Patronen an och op d'Regierung an der Belsch soll och nom nationale Protestdag weider héichgehale ginn.
Bei eisen Noperen hu vill Leit den 23. November d'Aarbecht néiergeluecht a si géint d'Regierung an d'Aarbechtskonditiounen op d'Strooss gaangen.
Bei eisen Noperen hu vill Leit den 23. November d'Aarbecht néiergeluecht a si géint d'Regierung an d'Aarbechtskonditiounen op d'Strooss gaangen.
© KARIM TEBACHE/Hans Lucas via AFP

Nom landeswäite Protestdag an der Belsch e Méindeg ass de Risk vu weidere Streiken nach net vum Dësch. De Syndikat vun de Fluchlotse Skeyes huet nämlech schonn e nächste Preavis fir e Streik deposéiert. Mat konkreten Aktioune wier tëscht dem 9. Dezember an dem 9. Januar ze rechnen, wann et bis dohin keen Accord mam Patron gëtt.

Bei Skeyes ass een iwwerhaapt net mam Sozialdialog zefridden an och d'Schaff- a Rouzäite suerge weider fir eng schlecht Stëmmung tëscht Mataarbechter a Patron. Dat wieren alles Diskussiounen, déi elo zanter Joren géife schleefen.

E Méindeg war bis an den Owend eran an der ganzer Belsch jo schonn kee Fliger gestart oder gelant. Eleng zu Bréissel waren 70.000 Leit op der Strooss fir géint d'Regierungspolitik vum Premier Baart de Wever ze protestéieren.Dee war e Méindeg nees beim Kinnek Phillippe, an huet dono annoncéiert, op dem 31. Dezember zeréckzetrieden, sollt bis dohinner kee Budgetsaccord fonnt sinn.

Back to Top
CIM LOGO