
China huet op e neits den taiwanesche Loftraum net respektéiert. Wéi den Taiwan gemellt huet, wieren an de leschte 24 Stonnen 71 Kampfjets an Dronen an de Loftraum erageflunn.
Zu Peking, wou den Taiwan als Deel vu China ugesi gëtt, gëtt de Militärmanöver als Übung definéiert. Dat wier eng Reaktioun op d’Provokatiounen vum Taiwan an den USA.
Well den Taiwan net als eegestännegt Land akzeptéiert gëtt, kritiséiert China d’Treffen tëscht der taiwanescher Regierung an den us-amerikanesche Politiker.