Däitschland80 bis 90% Rabatt gi sech an der Kleeder-Branche erwaart

RTL Lëtzebuerg
Well Butteker laang zou waren, wäerten et grouss Remisë ginn, fir d'Kleeder nach lasszeginn, éier déi nächst Kollektioun erakënnt.

Dovu geet de Ralf Pangels vum Bundesverband des Textileinzelhandels (BTE) aus. D’Moud-Branche rechent mat enger Zomm vu 500 Milliounen Artikelen, déi coronabedéngt net konnte verkaf ginn.

Net just d’Wanterkollektioun misst ee mat niddregen Offere versiche lass ze ginn, mee warscheinlech och d’Fréijoerskollektioun. Zanter 8 Wochen ass den Eenzelhandel an Däitschland zou, weider 4 Woche Fermeture sinn op d’mannst nach virgesinn. Schwiereg Zäite fir dee ganze Secteur. Ongeféier 50.000 Entreprisë géinge riskéieren, d’Kris net ze iwwerstoen, wann hinnen net ënnert d’Äerm gegraff gëtt, huet de Stefan Genth vum Däitschen Handelsverband (HDE) betount.

Sollt et zu engem weidere Lockdown kommen, huet de Ralf Pangels vum BTE ugekënnegt, géif een all déi onverkaafte Wuer a Camione paken a virum Kanzleramt austippen. “Protest kënnen net nëmmen d’Mëllechbaueren”, huet hien am Interview mat der “Rheinischen Post” nach ënnerstrach.

Back to Top
CIM LOGO