
Trotz grousser Virfreed koum et awer net zur Impfung. De Grond: Den eelere Mann ass mat 191 Kilometer an der Stonn geblëtzt ginn. Eng Maximalvitess vun 110 km/h ass op dëser Streck awer just erlaabt. An der Géigend vu Bischoffsheim konnt hie vun de Poliziste gestoppt ginn.
Hien huet de Beamten erkläert, net wëllen ze spéit ze kommen, fir seng Dosis gesprëtzt ze kréien. E Grond, deen d’Police awer net gëlle gelooss huet, fir dierfe weiderzefueren.
Net nëmmen huet de Pensionär misse säi Rendez-vous verréckelen, zu sengem Nodeel huet den 88 Joer ale Mann och nach säi Permis verluer.