
A Spuenien gëtt e Sonndeg en neit Parlament gewielt. D'Walbüroen hunn um 9 Auer moies opgemaach a wäerten um 20 Auer zougoen.
Ëmfroen no kéinten déi konservativ Partido Popular an déi ultrariets Partei Vox zesummen eng Majoritéit kréien an eng Regierungskoalitioun bilden. Et wier eng Zäsur an der spuenescher Geschicht: Fir d'éischte Kéier zanter dem Doud vum Diktator Franco am Joer 1975 kéint mat der Vox nees eng Partei vum rietse politesche Bord un enger Regierung bedeelegt sinn.
De Ministerpresident Sánchez – ee vun de wéinege lénke Regierungscheffen an Europa – hofft awer op eng Iwwerraschung. Seng sozialdemokratesch PSOE huet an den Ëmfroe laang verluer, konnt an de leschte Wochen awer nees Buedem op d'Partido Popular guttmaachen. Allerdéngs hunn déi kleng lénksalternativ Parteien, mat deenen d'PSOE aktuell an enger Minoritéitsregierung ass, an den Ëmfroe kontinuéierlech verluer, iwwerdeem d'Vox ëmmer weider zougeluecht huet.
Eigentlech sollt a Spuenien eréischt am Summer 2027 gewielt ginn. Ma de Premier Sánchez huet d'Wal wéinst dem Sträit ëm d'Wunnengspräisser an d'Logementspolitik am Land virgezunn. Hien huet gehofft, fir mat dësem Schrëtt lénk Wieler mobiliséieren ze kënnen. Am Walkampf huet hien net nëmme virun der Méiglechkeet vun enger ultrarietser Regierung gewarnt, mee och op de staarke Wirtschaftswuesstem vum Land verwisen. Spuenien huet aktuell de stäerkste Wuesstem an der Eurozon.
Allerdéngs steet déi aktuell Regierung net nëmme wéinst de Präisser um Wunnengsmaart ënner Drock, mee och wéinst enger Rei Korruptiounsskandaler. Och zwee Zuchonglécker mat am Ganzen 115 Doudesaffer bannent engem Joer an d'Migratiounskris an der Exklav Ceuta hunn dem Ruff vun der Regierung geschuet.