
Duerch en Ongléck mat enger Explosioun an der Géigend vun enger Schoul am Oste vum Afghanistan sinn den Autoritéiten no op d'mannst zéng Schüler ëm d'Liewe komm. 110 weider Mënschen, déi meescht vun hinne Kanner, wiere blesséiert ginn, esou de Spriecher vum afghaneschen Inneministère géintiwwer der AFP. Virdru war nach vu siwen Doudege bei engem Ongléck an der Provënz Kunar riets gaangen.
Éischten Ermëttlungen no war d'Explosioun an der Provënzhaaptstad Asadabad, well Leit an engem Lager fir Sprengstoff vun enger Biergbauentreprise an der Géigend vun der Schoul net opgepasst a faarlässeg gehandelt hunn, esou e Spriecher vun der Provënz.
Den Autoritéiten no war d'Explosioun an engem Haus an der Géigend vun der Schagai-Schoul. Am Gebai waren d'Mataarbechter vun der Entreprise amgaangen, Sprengstoff fir Aarbechte virzebereeden. En AFP-Reporter op der Plaz huet am Spidol blesséiert Kanner am Alter tëscht 8 a 15 Joer gesinn.