
An der georgescher Haaptstad Tiflis sinn e Samschdeg zéngdausende Leit op d'Stroosse gaangen, fir géint déi aktuell Regierung a fir e Rapprochement vun hirem Land mat der EU ze demonstréieren. Dat op den Dag zwee Joer, nodeems et opgrond vun engem Opruff fir ze demonstréiere vu fënnef Oppositiounsparteien zu Masseprotester am Land komm ass.
D'Organisateure vun der Demonstratioun e Samschdeg reprochéieren der Regierungspartei "Georgeschen Dram", dass si den europäeschen an euro-atlantesche Wee, deen d'Land eigentlech ageschloen hätt, verroden hätt. Ëmfroen no sinn 80 Prozent vun de Bierger am Land fir en EU-Bäitrëtt.
D'Demonstranten hunn Neiwalen an d'Fräiloossung vu Regierungsgéigner, déi bei fréiere Protester festgeholl goufen, gefuerdert.
Georgien befënnt sech zanter zwee Joer an enger Regierungskris. No enger ëmstriddener Parlamentswal am Oktober 2024 hat sech d'Partei "Georgeschen Dram", déi zanter 2012 un der Muecht ass, zum Gewënner erkläert. De Mount drop huet d'Partei annoncéiert, d'Bäitrëttsverhandlunge mat der EU auszesetzen. Doropshi koum et zu Masseprotester, déi gewaltsam ënnerdréckt goufen.
Zanterdeem ginn d'Autoritéite mat vill Gewalt géint Oppositioneller an Aktiviste vir. Eng Rei Oppositiounspolitiker an Aktiviste goufe verhaft respektiv mat Geldstrofe beluecht. Ausserdeem goufe Gesetzer erlooss, déi d'Demonstratiounsfräiheet, d'Zivilgesellschaft an déi onofhängeg Medien aschränken.
Iwwerdeems wëll d'Regierung déi fënnef pro-europäesch Oppositiounsparteien duerch d'Verfassungsgeriicht verbidde loossen. D'Geriicht huet bis Juni 2027 Zäit, fir an dëser Saach en Urteel ze schwätzen. Zu Bréissel gëtt d'Regierung zu Tiflis staark kritiséiert. Fir d'EU läit de Bäitrëttsprozess mat Georgien wéinst de rezenten Entwécklungen op Äis.
De georgesche Premeier Irakli Kobachidse sot e Freideg allerdéngs, ass seng Regierung un engem EU-Bäitrëtt géing festhalen. Dësen ass a Georgien an der Verfassung verankert. Hie géif awer och hoffen, dass d'Europäesch Unioun nees zu hiren "traditionelle Wäerter" géing zeréckfannen. Seng Partei reprochéiert Bréissel, déi sougenannten "traditionell Familljewäerter" ze ënnergruewen, dat virun allem mat Bléck op d'Rechter vun LGBTIQ+-Persounen.
Kritiker reprochéieren der aktueller georgescher Regierung och d'Land méi no u Russland erunzeféieren an déi demokratesch Institutiounen ofzebauen.