Netanjahu annoncéiertEisenkot kéint bei Eenheetsregierung den éischte Regierungschef ginn

RTL mat AFP
Nach bis de 6. Dezember huet den Gadi Eisenkot Zäit, fir eng Regierung an Israel op d'Been ze stellen.
© JACK GUEZ/AFP

Den israeelesche Ministerpresident faisant-fonction Benjamin Netanjahu huet de Oppositiounschef Gadi Eisenkot ugebueden, am Fall vun enger Eenegung op eng Koalitioun, e Virsëtz, dee wiesselt, anzeféieren. Den Eisenkot kéint dann och als Éischten dëse Posten iwwerhuelen. Dëst wier dem Netanjahu no seng perséinlech "Verantwortung als Leader".

Dem Netanjahu senger Likud-Partei hat den Eisenkot, dee mat der Formatioun vun enger Regierung beoptraagt gouf, virgeworf, datt si Neiwale wéilten ustriewen an dowéinst Gespréicher iwwer eng méiglech Koalitioun express an d'Längt zéien. D'Likud-Partei hätt sech "zwou Woche laang geweigert, och just een eenzele konkrete Virschlag op den Dësch ze leeën", esou den Eisenkot.

Weider war et de Virworf, datt d'Likud-Partei zu kenge Kompromësser bereet wier, esou den Formateur, dee selwer der Allianz vun der Mëtt Jaschar ugehéiert. Dëst verhalen huet den Eisenkot esou interpretéiert, wéi wann d'Partei vum Netanjahu just "d'Zäit bis zum Auslafe vu mengem Mandat, fir eng Regierung op d'Been ze stellen, auslafe loosse wëll, fir de Block vun der Oppositioun ze splécken an Israel an eng weider Wal ze dreiwen". Vun der Likud heescht et a Richtung Eisenkot, datt hien eng "geféierlech Lénksregierung" wéilt op d'Bee stellen. D'Partei huet awer och matgedeelt, datt ee weider Oppe fir d'Forméiere vun enger Eenheetsregierung wier.

Bei de Walen Enn Oktober hat dem Eisenkot seng Oppositioun sech 48 Sëtz am Knesset geséchert an dem Netanjanhu seng Allianz koum op 53 Sëtz. Déi arabesch Parteie schécken 19 Vertrieder an d'Parlament. Fir eng Majoritéit sinn op d'mannst 61 Sëtz néideg. De President Isaac Herzog hat dem Eisenkot den Optrag ginn, fir eng Regierung op d'Been ze stellen. Dofir huet hien u sech bis de 6. Dezember Zäit. D'Frist kann awer nach ëm zwou Woche verlängert ginn. Dat wëll den Eisenkot awer net an Usproch huelen, huet hien e Freideg matgedeelt.

Seng Oppositiounsallianz kéint sech entweder mat dem ultraorthodoxe Parteien oder den arabesche Parteien zesummendoen. Méiglech wier och eng Regierung vun der nationaler Unitéit mat dem Netanjahu senger Likud. Dozou gouf et och scho méi Gespréichsronnen. Dobäi ass awer ënner anerem d'Zukunft vum Benjamin Netanjahu e grousse Sträitpunkt: Den Eisenkot hat ausgeschloss, datt hie Member vun enger Regierung gëtt, déi vum Netanjahu geleet gëtt.

Back to Top
CIM LOGO