Ee Pompjee gouf blesséiertZu Namur huet d'Stadhaus Feier gefaangen

Cédric Ferry
D'Ursaach vum Brand ass nach net gewosst. Zwee Gäng vum Hôtel de ville si komplett zerstéiert ginn.
D'Feier ass an der Nuecht op e Sonndeg ausgebrach.
D'Feier ass an der Nuecht op e Sonndeg ausgebrach.
© BRUNO FAHY/Belga via AFP

An der Nuecht op e Sonndeg huet den Hôtel de ville zu Namur an der Belsch Feier gefaangen. Wéi et um Internetsite vun der belscher Zeitung L'Avenir heescht, wier d'Feier an engem Gang vum Stadhaus, an deem aktuell Aarbechte gemaach ginn, ausgebrach.

Eng Persoun wier beim Feier blesséiert ginn, si wier an d'Spidol transportéiert ginn. Dem Noriichtesite RTBF no géing et sech ëm e Pompjee handelen, dee bei de Läschaarbechte blesséiert gi wier.

D'Feier wier aktuell ënner Kontroll, mee nach net komplett gemeeschtert. Et géing ëmmer nach drëms goen, ze verhënneren, dass d'Feier op d'Gebaier niewendrun iwwergräift. Am Stadhaus selwer wieren zwee Gäng komplett zerstéiert ginn.

D'Ursaach vum Brand ass aktuell net gewosst.

Um 11:15 Auer soll déi stellvertriedend Buergermeeschtesch vun Namur, d'Charlotte Bazelaire op enger Pressekonferenz de Point vun der Situatioun maachen.

Back to Top
CIM LOGO