De Vaccin vu Biontech-Pfizer schützt enger Etüd an Israel no manner gutt virun der südafrikanescher Corona-Variant wéi aner Impfstoffer.

Déi sougenannte B.1.351 Variant vum Virus kéint d’Schutz-Wierkung vum Vaccin duerchbriechen, heescht et an där Etüd, déi op der Uni vun Tel Aviv duerchgefouert ginn ass.

400 Corona-infizéiert Leit, déi bis ewell nach net geimpft goufen, an 400 Infizéierter mat kompletten oder op d’mannst deelweisem Impfschutz, goufe matenee verglach. Bei den 150 Persounen, déi matgemaach hunn, déi sech trotz kompletter Vaccinatioun infizéiert hunn, wier den Undeel un der südafrikanescher Variant 8 Mol méi héich gewiescht, heescht et vun de Fuerscher.

Allerdéngs wier net gepréift ginn, ob et doropshin och e schwéiere Krankheetsverlaf gouf.

Schonn am Februar waren zwou Etüde vu Biontech-Pfizer a vu Moderna zu änleche Resultater komm. D’Zuel vun Anti-Kierper war bei där Variant méi kleng wéi bei anere Virus-Varianten.

Bei der leschter Sequenzéierung vum Virus hei zu Lëtzebuerg duerch den LNS war d’lescht Woch erauskomm, dass 18,4% vun den Infizéierte sech hei am Land mat der südafrikanescher Variant ugestach haten.