Ënnert den 175 Ënnerschrëfte sinn déi vum fréiere brittesche Premier Gordon Brown oder déi vum fréiere belsche Premier Yves Leterme.

D'Hëllefsorganisatioun Oxfam huet en Donneschdeg en oppene Bréif vun iwwer 170 fréiere Staats- a Regierungscheffe verëffentlecht. Si fuerderen, dass den US-President Joe Biden d'Patenter op d'Vaccine géint de Covid-19 soll ophiewen.

Si ënnerstëtzen eng Initiativ, déi vun Indien ausgaangen ass a schreiwen, datt ouni Patenter d'Produktioun a Verdeelung vu Vaccine weltwäit kéint wesentlech acceleréiert ginn. Doriwwer eraus kéint een den Zougank zum Vaccin fir méi schwaach Natioune vereinfachen. D'Patenter an de Schutz vun intellektueller Proprietéit hätt en negativen Impakt op d'global Impfcampagne an d'Weltgemeinschaft géing sech domadder selwer an d'Bee schéissen.

D'Pharmaindustrie widderhëlt ëmmer erëm, wéi wichteg d'Patenter sinn, fir d'Recherche z'encouragéieren a virun allem ze finanzéieren.