Presidentin ënnerschreift ëmstriddent Anti-LGBTQ-Gesetz net

© FELIX HORHAGER / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
D'georgesch Presidentin Salome Surabischwili huet en ëmstriddent Anti-LGBTQ-Gesetz, dat am Parlament gestëmmt gouf, net ënnerschriwwen.
Ewéi hir Spriecherin e Mëttwoch sot, hätt si d'Gesetz ouni Ënnerschrëft zeréck un d'Parlament geschéckt. Domat ka si allerdéngs net verhënneren, dass d'Gesetz a Kraaft trëtt. Dëst kann nämlech och mat der Ënnerschrëft vum Parlamentspresident Schalwa Papuaschwili a Kraaft trieden, deen et mat abruecht hat.
Dat sougenannte Gesetz iwwer "Famillje-Wäerter" gouf de 17. September mat de Stëmme vun der Majoritéit am georgesche Parlament ugeholl. D'Oppositioun hat de Vott boykottéiert. D'Gesetz gesäit ënner anerem vir, dass gläichgeschlechtlech Bezéiunge vill manner an der Schoul an de Medien thematiséiert ginn. Am Gesetzestext ass vun enger "Aschränkung vun der Propaganda fir gläichgeschlechtlech Bezéiunge" rieds.
D'Gesetz steet international staark an der Kritik. Dem EU-Baussebeoptraage Josep Borrell no géif et d'Diskriminéierung a Stigmatiséierung vu sexuelle Minoritéite fërderen. Hien huet d'georgesch Regierung opgefuerdert, d'Gesetz zeréckzezéien.