US-Walen: 2. Etapp: Kalifornien – Los AngelesDéi meescht Republikaner sinn net extrem – och wa se Trump wielen

Annick Goerens
Eraus aus San Francisco duerch Kalifornien Richtung Los Angeles. Dat war de Parcours déi leschten Deeg vun eiser Journalistin Annick Goerens.
John Ulakovic vun Oakland am Interview
Déi meescht Republikaner sinn net extrem – och wa se Trump wielen.

Si huet ënnerwee mat villen Amerikaner geschwat an ass relativ iwwerrascht iwwer esouvill Éierlechkeet mat sech selwer.

Déi meescht Bierger an den USA wëssen, dass si - vu bausse gekuckt - dacks als “extrem” wouergeholl ginn. Grad duerch déi lescht Presidentschaft ënner dem Donald Trump. Den John Ulakovic vun Oakland ass selwer och Republikaner.

Ech sinn zanter laangem Republikaner, esou wéi vill vu menge Kolleegen. Obwuel ech warscheinlech mëttlerweil vun der Partei als “RINO” géing bezeechent ginn. Dat heescht “Republican in name only”. Also just Republikaner vum Numm hier, well ech mech mëttlerweil vill méi an der politescher Mëtt erëmfannen. Ech sinn net esou extrem wéi déi republikanesch Partei ass. Well se huet sech am leschte Joerzéngt ënnert dem Donald Trump verännert.

Wie sinn dann déi Leit, déi haut nach Trump wielen? Dat kënne jo net alles Extremisten sinn?

Bon... dorënner si vill ganz gebilte Leit, déi egal wéi ëmmer fir e Republikaner géinge wielen, egal wat deem seng Positioun ass. Ech denken, dass vill Trump-Wieler sech op sozial Medie beruffen, amplaz richteg gutt equilibréiert Noriichten ze kucken. Mee ganz vill Leit, déi fir hie wielen, goufen einfach iwwergaangen a si si rosen a si hunn net d’Gefill, dass d’Regierung eppes fir si mécht.

Och d’Medien an den USA hunn hir Responsabilitéit an der aktueller Situatioun ze droen.

An de leschte Joerzéngten hunn Noriichtechaînen an den USA, ganz besonnesch déi 24-Stonne-Senderen eng wichteg Roll gespillt. Wann s de eng liberal Astellung hues, kucks de deen ee Kanal, wann s de eng konservativ Astellung hues, deen anere Kanal. Se spannen all hir Versioun vun enger Geschicht. Dat ass Ueleg op d’Feier vu béiden Extremer.

Dat seet den John Ulakovic. Raisonnabel, héiflech, gebillt. Ma och hien huet 2016 fir den Donald Trump gewielt. E Mann, dee jo mëttlerweil zum Beispill behaapt, d’Immigrante géinge Kazen an Hënn iessen oder d’Regierung géing illegal Transgender-Operatiounen un Aliens maachen.
Den John Ulakovic wollt deemools eng Verännerung erbäiféieren a mam Trump emol eng Kéier eng Persoun wielen, déi net aus dem politeschen Establishment kënnt. Hie bedauert dës Entscheedung haut nach ëmmer a wäert de 5. November als Republikaner fir d’Kamala Harris ofstëmmen.

US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien (1): D’Jill Kries erkläert eis wéi de Sunshine State politesch tickt US-Walen: 1. Etapp - Kalifornien (2): Wat läit den Amerikaner uewen a wéi gesi si sech selwer?

Back to Top
CIM LOGO