OCSiAl, eng Nano-Technologie-Entreprise mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg, weltwäit gréisste Produzent vu Graphen-Nanotüben, huet elo a Serbien mol eng Firma.

Et handelt sech ëm en neiaartegt Material, dat als revolutionär am Beräich vun der Technologie gëllt, wéi zum Beispill beim Asaz a Batterië fir Elektroautoen, Pneuen, Ekipement fir d'Pompjeeën, Kadere fir Vëloen, Stroossen a villes méi.

Et schéngt also méi wéi offensichtlech, hei geet et ëm e Marché dee Milliarden, jo wann net souguer Billiounen un Dollar wäert ass, dat gesäit een ënnert anerem um groussen Interessi vu quasi alle groussen Autosconstructeuren um Stoff, dee virun allem an de Pneuen a Batterien, ma awer och villen aneren Deeler um Auto agesat ka ginn. Méi liicht, méi stabil, méi performant... dat sinn natierlech Argumenter, bei deenen een d'Ouere spëtzt, dat virun allem an Asien. Vill Investisseuren a Cliente si Chinesen, Südkoreaner oder Japaner, déi jo am Beräich vun den Autosbatterien anere Länner deelweis wäit viraus sinn a wou och am meeschte produzéiert gëtt.

“If you visit an auto shop in Luxembourg today, most electric cars from well-known brands already have our nanotubes inside their batteries.”

Den Alain Kinsch, Member vum Conseil d'Administration bei OCSiAl:

"Wann der haut, ech huelen elo [e bekannte Leader aus der Branche vun der Elektromobilitéit], awer och aner Autosmarken,... wann der domat fuert, majo deemno wéi ee Modell Batterien, si mir do schonn dran, also eise Produit ass do an deene Batterie schonn dran." 

Wann ee weess, dass d'Gewiicht vun de Batterien an den Autoen ëm 30% duerch den Asaz vu Graphen Nantotübe ka reduzéiert ginn, versteet een natierlech d'Nofro. D'Gewiicht vun engem Auto an der Produktioun ass bekanntlech ee vun de wichtegste Facteuren iwwerhaapt.

Enn Oktober huet déi weltwäit éischt Produktiounsunitéit, dat bei Belgrad a Serbien, hir Dieren opgemaach, méi genee zu Stara Pazova, ronn 30 Minutte mam Bus vun der serbescher Haaptstad ewech.

Sou neiaarteg a revolutionär dës Graphen-Nanotüben och sinn, sou ass dës Entreprise dach eng Realitéit, a ka längst net méi als eng Start-Up bezeechent ginn. D'Produktioun besteet längst, d'Zertifikatioune sinn do, de Glawen an de Produit ass praktesch iwwerall an der Firma ze spieren, a virun allem: d'Clienten an Investisseuren sti Schlaang fir un der Dier unzeklappen. Dat imponéiert natierlech, och dem Alain Kinsch, deen um Launch Day vun OCSiAl selbstverständlech present war, wéi ënnert anerem och déi serbesch Regierung a Form vum Ministerpresident Miloš Vučević an der Wirtschaftsministerin Adrijana Mesarović.

RTL

© David Winter/RTL

Och wann de Launch Day vun dëser Produktiounsfirma wäit ewech vu Lëtzebuerg ofgehale gouf, dréit et sech bei OCSiAl a sech zu groussen Deeler ëm eng Lëtzebuergesch Firma, dat mat Sëtz zu Leideleng, méi genee an der Rue de la Poudrerie an dat schonn zënter gutt 10 Joer.

Alain Kinsch"Lo kënnt dir soen, 'mä mir hunn nach ni eppes vun hir héieren'...an dat ass, well se 10 Joer laang iwwerhaapt emol fundamental Recherche an Developpement gemaach huet. Si huet d'Graphen Nanotubes net erfonnt, mä si huet eng Methodologie erfonnt, fir déi zu acceptabele Käschten an och industriell kënnen ze produzéieren. Dat ass am Fong d'Erfindung."

Och de List an d'Uni Lëtzebuerg schaffe säit Längerem um Projet mat, dat ënnert anerem un der Fuerschung vum "Coating" vu Basismaterial, also der Beschichtung mam Material. An och zu Féiz gëtt et zënter laanger Zäit e Recherche-Zenter, wou och déi grouss initial Käpp nach ëmmer um neie Material fuerschen an testen. A genee dat, d'Geschicht déi OCSiAl mam Grand-Duché huet, ma och den Zougang op den EU-Marché an d'Sécherheet sou wéi de soziale Fridden am Land, wiere Punkten, déi Lëtzebuerg als Standuert fir Investisseuren natierlech interessant maachen, sou den Alain Kinsch an eisem Gespréich.

Erfonnt gouf d'Material Graphen iwwregens a Russland, eppes fir dat och den Andre Geim an de Konstantin Novoselov am Joer 2010 den Nobelpräis an der Physik kritt hunn. Et ass also en nach jonke Stoff, deen elo de Sprong vum Labo an déi industriell Hierstellung fonnt huet.

Den Alain Kinsch erkläert, dass zu Lëtzebuerg, méi genee zu Déifferdeng, eng Produktiounsentitéit soll an den nächste Joren entstoen: "D'Iddi ass elo, fir datt Lëtzebuerg net just en Headquater souzesoen ass a Recherche, mee datt carrement och zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt. Dat heescht, wéi elo hei a Serbien, datt mer och zu Lëtzebuerg kënnen esou eng Fabrick, awer méiglech nach méi grouss, e gutt Stéck méi grouss wéi déi heiten, ze bauen."

A Serbien selwer, am sougenannte "Grapheton", gëtt de Basis-Produit hiergestallt, ma d'Entreprise ass awer och vir d'Dispersioun, also de Vertrib vum Produit an awer och d'Matrix zoustänneg. Ma den Alain Kinsch betount, dass een als Standuert awer net onbedéngt misst déi 3 Beräicher beieneen ëmmer hunn, respektiv net direkt. De Produit selwer, also d'Graphen Nano-Réiercher, weien net vill, kënnen also gutt transportéiert ginn, dat an eng nächst Unitéit, déi dann de Produit mat Waasser mëscht an esou an d'Dispersioun un de Client ka goen. Fir Lëtzebuerg ass an enger éischter Phase virgesinn, fir de Basis-Produit hierzestellen, dono kéinten da weider Beräicher nach dobäi kommen, wéi dat och elo a Serbien schonn de Fall ass.

E geneeën Zäitplang heizou gëtt et den Ament nach net, och wann de Plang fest steet, wier een zäitméisseg wéinst der Pandemie no hanne gehäit ginn. De Bau huet nach net ugefaangen, ma den Design vum Gebai steet awer, hei goufen och schonn eng Partie regulatoresch Etappen zu Lëtzebuerg geholl. Den Terrain zu Déifferdeng géif da vun OCSiAl säitens dem Lëtzebuerger Stad geleased ginn. An hei géif et, sou den Alain Kinsch "ganz gutt virugoen". Am Laf vum nächste Joer, esou hofft een, soll et hei an eng nächst Phase goen. Och Investisseure fir d'Fabrick zu Lëtzebuerg missten der nach e puer gesicht ginn, well et sech hei ëm en deiere Projet handele géif.

RTL

© Ocsial

De Grond, wisou grad Serbien gewielt gouf, fir déi éischt Produktiounsentitéit opzemaachen, géif dem Alain Kinsch no iwwregens op der Hand leien. Wéi Russland d'Ukrain iwwerfall huet, hu vill Leit aus der Fuerschung an och der Industrie (den initialen Zentrum vun der Fuerschung um Stoff läit hei zu Nowosibirsk a Russland) niewent Lëtzebuerg en anert Land gesicht, fir sech néierzeloossen an an d'Produktioun ze goen. Mat Serbien huet een natierlech den Avantage vun der Distanz zu Russland an der Sprooch, ma och d'Sécherheet am Land an de gudde Fonctionement vun de Verwaltungen, géifen dem Alain Kinsch no eng Roll spillen. Hei huet misse séier gehandelt ginn. E weidere Punkt wier dohier d'Vitess, mat där sech d'Land an de leschte Joren entwéckelt hätt. Als Investisseur wier et hei besonnesch interessant, well et "eent vun deene Länner am Balkan ass, an deem een am schnellste viru kënnt, dat op alle Pläng".

An och bei der Ried vum serbesche Ministerpresident huet ee gemierkt, dass ee genee sou Projete fërdert an unzéie wëll, et wëll een, dass et "viru geet am Land". D'Verbindungen zu Russland, wéi dat bei villen anere groussen Entreprisen ass, sinn zënter dem Krich an der Ukrain "op 0", verséchert den Alain Kinsch, eppes dat "ee sou misst hinhuelen". Et géife keng Mataarbechter méi a Russland ginn, et komme keng Investissementer méi aus Russland, et gi keng Clienten méi a Russland... Et gouf e radikale Cut hei gemaach, fir déi international Sanktioune géint d'Land anzehalen.