Wat si Graphen Nanotüben a wat mécht d'Material sou revolutionär?
Iwwer 50% vun alle Basismaterialien op der Welt kënne mat eng neien eenzegaartegen Zousazstoff verbessert ginn, nämlech mat Graphen Nanotüben.
Graphen-Nanotübe sinn Tüben, respektiv Réiercher, déi aus Karbon gemaach ginn an, wéi den Numm et scho seet, mer eis vun der Gréisst hier, am Nano-Beräich ophalen. Et handelt sech hei an sech ëm d'Material Graphen, fir dat och den Andre Geim an de Konstantin Novoselov am Joer 2010 den Nobelpräis an der Physik kritt hunn.
Bei den Nanotüben gëtt dann dëse Graphen, respektiv dës Graphen-Blieder, déi d'Déckt vun engem Carbon-Atom hunn, zu engem Réicherchen geformt a kann esou an extrem ville Beräicher wéi Batterien fir Elektroautoen, Pneuen, Stroossen, Ekipement fir Pompjeeën, Sport-Ekipement, industriellem Gummi, Filmer, an ville weidere Beräicher agesat ginn, fir der lo nëmmen e puer ze nennen.
Dëst Réiercher ass dann an de Reegel 5 Nanometer, also 5 milliounstel Meter laang. Den Duerchmiesser vum Tübe läit bei ronn 1,6 Nanometer. 1 Nanometer ass nach eemol dausend Mol méi kleng wéi 1 Mikrometer, also alles Beräicher, déi mam An längst net méi z'erkenne sinn.
De Grond wisou dës Material sou speziell ass, ass dass dës Graphen Nanotüben eng ganz Partie eenzegaarteg a performant physesch Charakteristike mat sech bréngen, wann se mat engem anere Material eng Verbindung aginn. D'Material ass éischtens emol enorm leed-fäeg, dat souwuel punkto Elektrizitéit, wéi och Hëtzt an ass dohier vill méi performant, wann et beispillsweis an de Beräich vun de Batterien oder der Isolatioun geet. Am Verglach zu Diamanten, si Graphen Nanotüben 3 Mol méi leed-fäeg a 5 Mol méi liicht wéi Koffer.
Dann ass den Zousazstoff och extrem stabil: Punkto Stäerkt gëtt een als Riichtwäert un, dass et ronn 100 Mol méi staark ass, wéi Stol. Dann ass d'Material extrem hëtze-bestänneg, bis zu 1.600 Grad Celsius am Vakuum halen d'Graphen-Réiercher aus. An dobäi kënnt nach, dass d'Tüben eng Längt-zu-Duerchmiesser-Verhältnis vun iwwer 3.000 zu 1 kënnen hunn. Den Zousazstoff selwer kann dann einfach mat Waasser zum Beispill verdënnt ginn an ass mat praktesch alle Materialien op der Welt kompatibel.
D'Material hätt d'Potential an iwwer 50%, an a bis zu 70% vun de Produiten, déi et um Marché weltwäit am Moment ginn, agesat kënnen ze ginn.