Weidere ranghéije Kommandeur vun Hisbollah ëmbruecht

Eng israeelesch Attack am Libanon am September 2024 / © AFP
D'israeelesch Arméi mellt den Doud vun engem weidere Kommandeur vun der radikal-islamescher Hisbollah-Miliz. Hie wär zu Chiam am Libanon ëmbruecht ginn.
De Faruk Amin Alasi wär den Israeelien no fir sëllege Rakéitenattacken aus der Regioun op israeelesch Uertschafte responsabel gewiescht. Och ee manner ranghéije Chef vun enger Hisbollah-Elite-Unitéit wär eliminéiert ginn, esou d'israeelesch Arméi. Déi mécht iwwerdeems mat Attacken op Ziler am Norde vun der Gazasträif weider.
Dobäi wäre gëscht op en neits Dosende Leit ëm d'Liewe komm. Dem Militär no wären dat Terroristen. Aenzeien no ass d'Situatioun do awer katastrophal. A palestinensesche Rapporten ass ëmmer nees rieds vu villen zivillen Doudesaffer.
D'UNO deelt iwwerdeems mat, dass am Libanon d'humanitär Situatioun méi schlëmm ass wéi am Krich 2006. Vill Spideeler wäre komplett saturéiert an et géif u Bluttspende feelen.
D'US-amerikanesch Regierung hätt dann den Iran virdru gewarnt, Israel nach eng Kéier z'attackéieren. Sollt Teheran dat wéi annoncéiert nach eng Kéier maachen, kéint een d'israeelesch Regierung eigentlech net méi dovun ofhalen, eng breet Géigenattack ze lancéieren. Dat mellen US-amerikanesch Medien, déi sech op en US-Beamten an e fréieren israeelesche Fonctionnaire beruffen.