Dem Politolog Manuel Fröhlich no stellt den Donald Trump mat sengem Verhale géigeniwwer Grönland wichteg Prinzippie vun der internationaler Uerdnung a Fro.

Den Donald Trump léisst net labber mat senger Fuerderung, dass d'USA d'Kontroll iwwer Grönland iwwerhuelen. Dat wier dem US-President no eng Fro vun der nationaler an internationaler Sécherheet. Donieft missten d'USA de russeschen a chineeseschen Afloss an der Regioun zeréckdrängen:

"Wann Der Iech Grönland ukuckt, wann Der d'Waasserweeër kuckt, dann hutt Der do iwwerall chineesesch a russesch Schëffer, a mir kënnen net... mir wäerten eis net op Dänemark oder soss iergendee verloossen, fir dat an de Grëff ze kréien."

Dem Politolog Manuel Fröhlich vun der Universitéit Tréier no wier dat allerdéngs net den eenzege Grond, aus deem d'US-Regierung u Grönland interesséiert wier. Iwwerdeems géif den Donald Trump mat sengem aktuelle Verhale fundamental Prinzippie vun der internationaler Uerdnung op d'Spill setzen.

Grönland ass aus 3 Grënn interessant fir d'USA

Dem Manuel Fröhlich no wier Grönland aus dräi Grënn interessant fir d'USA. Engersäits wier do déi international Schëfffaart. Laanscht d'Insel verlafe Schëfffaartsweeër, déi an Zukunft kéinten u Bedeitung gewannen:

"Das eine ist, dass hier Schifffahrtsrouten verlaufen, die durchaus auch noch in Zukunft wahrscheinlich an Bedeutung gewinnen werden. Man geht davon aus, dass 2030 schon durch den Klimawandel auch neue Wege am Nordpol möglich sind."

RTL

© RTL Grafik

Donieft ginn et op der Insel Ressourcen, dorënner Seelen Äerden, déi an Zukunft kënne genotzt ginn. Schliisslech hunn d'USA aktuell schonn eng Militärbasis op der Insel. An der aktueller Situatioun, an där de geopoliteschen Interessi u Grönland ëmmer méi grouss gëtt, wier den USA sécherlech dru geleeën, hir Presenz op der Insel auszebauen.

Manuel Fröhlich: D'Grënn fir den US-Interessi u Grönland
Manuel Fröhlich: Grënn fir den US-Interessi u Grönland

Eng negativ Decisioun fir déi international Uerdnung

Falls den Donald Trump mat sengem Agéiere géigeniwwer Grönland e Signal u Russland a China wéilt schécken, da wier et dem Manuel Fröhlich no ee ganz ambivalent. Engersäits kéint een dem US-President säi Verhalen als Versuch deiten, de russesch-chineeseschen Afloss an der Regioun ze reduzéieren. Allerdéngs stellt hien domat och déi territorial Integritéit an d’Souveränitéit als Prinzippie vun der internationaler Uerdnung a Fro:

"Ähnlicherweise, wie das auch diese Staaten mit den territorialen Ansprüchen und dem Falle Russlands sogar mit einer Aggression gemacht haben. Das heißt also für die internationale Ordnung ist es eine sehr negative Entscheidung, die dazu führt, dass die völkerrechtliche Geltung all dessen, was eigentlich die üblichen Umgangsformen sind, im Internationalen, nicht gegeben sind. Und hier sogar gegenüber einem Alliierten, gegenüber einem Bündnismitglied."

Eng geographesch Versioun vu "Make America Great Again"

Am Donald Trump sengem Verhale géigeniwwer Grönland géif - änlech wéi an der Ried iwwer d'Gazasträif als Riviera vum Noen Osten - däitlech ginn, dass hei de Bléck vun engem fréieren Immobilienhändler op e Stéck Land gefall ass. Et géif ee net dolaanscht kommen, déi Relatioun ze maachen. Och d'Aussoen, déi de Vizepresident Vance bei senger Visitt op Grönland gemaach huet, géinge weisen, dass et zum Deel och ëm e perséinlechen Interessi vum Donald géing goen, Terrain anzehuelen:

"Der Vizepräsident - der amerikanische - hat bei seinem Besuch ja sogar auch davon geredet: 'Wir können nicht die 'desires' - also geradezu die Gelüste - des Präsidenten übersehen.' Also eine komische Wortwahl da. Das zeigt, dass es hier auch so ein ganz persönliches Interesse an Landnahme, an Immobilie gibt, die er hier geradezu als geografische 'Make-America-Great-Again-Version' vielleicht ansetzt. Auch das liegt wiederum diametral zu all dem, was wir in der internationalen Politik eigentlich an Umgangsformen haben."

Manuel Fröhlich: Komesch Wuert-Wal vum US-Vizepresident
Manuel Fröhlich: Komesch Wuert-Wal vum US-Vizepresident

Iwwernam mat Gewalt wier wuel Enn vun der NATO

Sollten d’USA Grönland mat Gewalt iwwerhuelen, hätt dat net nëmme Suitte fir déi international Uerdnung, mä och fir d’NATO als Allianz:

"Das würde in der Tat, die Nato letzten Endes auflösen als das Verteidigungsbündnis, das es bisher mit den Amerikanern ist. Die NATO wurde ja gegründet, um sich gemeinsam gegen eine äußere Gefahr zu wehren. Und hier hätten wir dann einen internen Fall, der dann eventuell so explodieren könnte."

D’UN-Charte verbitt iwwerdeems eleng schonn d’Ukënnegung vu Gewalt als Mëttel vun internationaler Politik.