Een Dag nom Vott vum neie Poopst
Gleeweger an Experte weise sech ganz zefridden
Datt de Konklave just zwee Deeg laang gedauert huet, huet zwar vill Leit iwwerrascht, ma gëtt awer als ganz positiivt Zeechen ugesinn.
Och een Dag nodeems mam Robert Francis Prevost, dee sech de Poopstnumm Leo XIV. ginn huet, een neie Chef vun der kathoulescher Kierch gewielt gouf, ass d'Stëmmung zu Roum nach ëmmer ganz positiv. Esouwuel Gleeweger wéi och Kierchenexperte schwätze vun engem gudde Choix. Den neie Pontifex géing déi richteg Viraussetzunge matbréngen.
Am meeschte gelies