Iwwer 200 Schüler reprochéieren der Bétharram-Schoul a Frankräich sexuelle Mëssbrauch. Eng Enquêtëkommissioun soll lo no weideren Affer sichen.

Nodeems de bis ewell gréisste Mëssbrauchsskandal an enger kathoulescher Schoul a Frankräich bekannt gouf, sicht eng onofhängeg Enquêtëkommissioun zanter e Méindeg méiglech weider Affer. D'Kommissioun befreet ausserdeem fréier Schüler a Schülerinnen, déi schonn ëffentlech Virwërf vu sexueller a kierperlecher Gewalt an der Bétharram-Schoul a Südfrankräich geäussert hunn.

Déi meescht Fäll si verjäert, mä déi Betraffe sollen trotzdeem entschiedegt ginn. D'Bétharram-Uerdensgemeinschaft, zu där 260 Geeschtlecher gehéieren, dorënner 32 a Frankräich, hat am Mäerz hir "Responsabilitéit" fir déi vu ronn 200 Schüler bekannt gemaache Mëssbrauchsfäll zouginn.

Ee Joer laang finanzéiert d'Gemeinschaft elo eng Ekipp vun 12 Leit, déi ee Joer laang d'Reprochë vu Betraffenen ophuelen an no méigleche weideren Affer siche soll. "Et geet drëm, déi individuell Gewaltdoten als kollektiivt Phenomeen ze verstoen a Léieren doraus ze zéien", sot de Chef vun der Kommissioun, de Jean-Pierre Massias.

Eng kierchlech Kommissioun hat bis ewell 17 Affer vun der Bétharram-Schoul Entschiedegungen an Héicht vun am Ganze 700.000 Euro zougesprach. Dobäi sollen net nëmmen d'Affer vun Uerdensmemberen, mä och vu soss Mataarbechter vun der Schoul entschiedegt ginn. Den Uerde soll dofir seng Immobilië verkafen.

De Fall hat ënnert anerem och vill Opmierksamkeet kritt, well de franséische Premier Bayrou enk mat der Schoul verbonnen ass. Hie steet am Verdacht, a senge fréiere Funktioune vun de Mëssbrauchsreprochë gewosst, mä net reagéiert ze hunn. De Bayrou huet d'Virwërf zréckgewisen, ouni Argumenter dogéint ze bréngen.

Dräi vu senge sechs Kanner sinn an d'Bétharram-Schoul gaangen, seng Fra huet do zäitweis Reliounsunterrecht ginn. Eng vun hiren Duechteren huet viru Kuerzem erkläert, och Affer vu kierperlecher Gewalt gewiescht ze sinn. Si huet hirem Papp reprochéiert, datt hien deemools d'Situatioun et hätt wëlle gleewen.