
Fir d'Opklärung vun der Brandursaach vum grousse Feier am Hürtgenwald an Nordrhein-Westfalen huet d'Police elo en Internetportal opgemaach, op deem d'Bierger Indicë kënne uginn. "D'Police vu Köln freet d'Populatioun ëm Hëllef bei den aktuellen Ermëttlungen", heescht et vum zoustännege Policebüro e Freideg. "Vu besonneschem Interessi" wiere "speziell Bild- a Videoopnamen aus dem Zäitraum, an deem d'Feier entstanen ass". Esou ee Material kéint "d'Ermëttlunge am grousse Stil ënnerstëtzen".
Iwwer Indicen op Brandstëftung oder méiglecherweis e Verhalen, datt d'Feier ongewollt ausgeléist huet, ass bis ewell am Zesummenhang mat dësem Brand näischt bekannt. E Spriecher vun der Police sot der AFP géintiwwer, datt et net onüblech wier, datt een esou e Portal ariicht. Et géif drëm goen, Informatiounen ze sammelen, fir eng méiglech Ursaach vun de Bränn ze klären.
An der Géigend vun der Gemeng Hürtgenwald net wäit vun Düren an der Äifel ewech kämpfe Pompjeeën e Freideg weider géint d'Feier, dat mat groussem Opwand a ville Leit um Terrain. Et ass dee bis ewell gréisste Bëschbrand vun dësem Summer an Däitschland. D'Flame breede sech den Autoritéiten no bis op 300 Hektar aus a koumen an der Nuecht op e Freideg Gey, engem Uertsdeel vun Hürtgenwald, zimmlech no.
Am Ganze goufe bal 2.000 Leit wéinst dem Feier evakuéiert an iwwer 200 Pompjeeën, Membere vum THW, vun der Arméi a vun aneren Organisatioune waren e Freideg am Asaz. Si goufe vu Läschhelikopter aus der Loft ënnerstëtzt. Och Waasserwerfer vun der Police a Panzer vun der Bundeswehr koumen an den Asaz.