
Um Stau zu Lëlz koum et e Freideg an Nomëtteg zu engem lokale Wirbelwand, deen d'Leit bei der Sauer nawell zolidd iwwerrascht huet. Op Biller ass ze gesinn, wéi de staarke Wand Kleeder, Schwammsaachen a soss Objeten vun de Leit beim Bord vum Waasser fortgeblosen oder matgerappt huet.
Wéi mer vu Meteolux confirméiert kruten, soll et sech bei dësem Phenomen ëm e sougenannten "Dust devil", eng kleng Form vun engem Wirbelwand mat vill Stëbs handelen. Dës Stierm forméiere sech bei klorem Himmel a waarmen Temperaturen, dat bal ëmmer just lokal a ganz kuerz. Hir Formatioun geet vum Buedem aus, dee sech staark erwiermt. Wann dann och nach Stëbs dobäi kënnt, wéi op de Biller ze gesinn ass, da gesäit dat impressionant aus.
De Luca Mathieu, Meteorolog bei Meteolux präziséiert, dass dëse Phänomen virun allem op donkelen Uewerfläche virkënnt, sou wéi op Ackerflächen an dass et sech eendeiteg net ëm en Tornado handelt. Dëst géif virun allem virkommen, wann d'Biedem laang dréche sinn, et waarm ass a kaum Wand do ass.
Den Expert gëtt dann och Entwarnung, esou e Wirbelwand wier nämlech net geféierlech. Esou e Phänomen, dee meeschtens just e puer Sekonnen dauert, hätt et scho viru Joren zu Wäiswampech um Séi ginn oder och nach um Findel beim Chantier vum Tram. Et misst een sech drop astellen, dass dëst all Summer kéint virkommen.
Eng änlech Analys huet och e wéineg méi spéit de Jörg Kachelmann am Gespréich mat RTL gemaach.