En Donneschdeg huet en nach gedreet, den US President. D’Dieselexporter Direktioun Europa ze stoppen. E Freideg den Owend hunn d'G7-Staaten dunn noginn.
De franséische President Emmanuel Macron : ‘’ On a décidé de relâcher des stocks stratégiques. De Diesel et de Pétrole Brut. Sous la Coordination de l 'Agence internationale de l'énergie, qui va se réunir dans les prochaines heures, prochains jours, pour pouvoir organiser cela. Et donc pour pouvoir, dans les 4 mois, libérer jusqu'à 100 millions de barils de Diesel et de pétrole brut. ‘’
Den Donald Trump huet net duerch Zoufall, mëtten am Walkampf ëm d'Midterm, wou d'Republikaner an de Sondagen hanne leien, Drock opgebaut, fir d’Präisser un der Pompel no ënnen ze kréien. An deemno Stëmme bei onzefriddene Wieler ze sammelen. E President, deen net zeckt zouzeginn, datt e wéi am Poker, geblufft huet. Op d'Fro vun engem Journalist: ob den Exportverbuet fir Diesel elo offiziell vum Dësch ass, elo wou d'USA Liwwerunge vun Europa kréie géifen? gouf et dës Äntwert:
"Mir haten dat ni wierklech vir. Am Fong war Europa formidabel. Well si vill Diesel op de Maart bréngen. Si hunn Diesel. Si benotzen iwwerduerchschnëttlech vill Diesel am Verglach zu deene meeschten aneren. Si hunn eng super Aarbecht gemaach." Sou den Trump.
Och wann et sporadesch zu Enkpäss kënnt. Et ass éischter d'Angscht viru gréisseren Enkpäss, déi d'Präisser no Uewen dreift. Eng Rei Staate wollten och net um Weltmaart agräifen. Um Enn war den Drock vu Washington awer ze grouss.
Wat bréngen déi 100 Millioune Barrel elo? Kuerzfristeg hunn d'Präisser vum Barrel a vum West Texas e Freideg den Owend noginn. Op der Pompel ass dat natierlech nach net ukomm. An um Enn ass de Problem, wat den Ursprong vun de Spannungen op de Pëtrols-Mäert ubelaangt, och net net geléist. Mam Konflikt mam Iran, an de Blockage vun der Mieresenk vun Hormus.