Friedrich Merz"AfD-Stëmme sinn net mat de Wäerter vun der CDU vereenbar"

RTL Lëtzebuerg
Nom kontroverse Vott vum AfD-Politiker Tobias Rausch zum President vum Landtag vu Sachsen-Anhalt klëmmt den Drock op d'CDU.
CDU ënner Drock no AfD-Wiel a Sachsen-Anhalt
© MICHAEL KAPPELER/dpa Picture-Alliance via AFP

Et gëtt spekuléiert, ob och CDU-Deputéiert fir de Rausch gestëmmt hunn.

De Rausch krut bei der geheimer Ofstëmmung 48 vun 82 Stëmmen. D'AfD an de BSW hunn zesummen nëmmen 44 Sëtz. D'CDU-Fraktioun hat hire 15 Deputéierte recommandéiert, sech enthalen. Um Enn goufen awer just fënnef Enthalunge gezielt.

Den däitsche Kanzler Friedrich Merz huet gewarnt, datt eng Ënnerstëtzung vun engem AfD-Politiker net mat de Wäerter vun der CDU zesummepasse géif. Iwwerdeems huet hien drop higewisen, datt wéinst der geheimer Ofstëmmung net gewosst ass, vu wéi enger Partei déi zousätzlech Stëmme koumen.

Och an der CDU vu Sachsen-Anhalt wier d'Onrou grouss. Verschidde Fraktiounsmembere sollen iwwerleeën, d'Fraktioun ze verloossen.

Back to Top
CIM LOGO