Vu Maskeflicht bis SécherheetsofstandAm Saarland ginn déi meescht Restriktiounen duerch d'3G-Reegel ersat

RTL Lëtzebuerg
Duerch déi stabil Infektiounslag an den héijen Impftaux huet de Ministerrot en Dënschdeg decidéiert, dass vun e Freideg un d'Corona-Reegele gelackert ginn.

A ville Beräicher vum ëffentleche Liewe ginn d’Restriktiounen duerch d'3G-Reegel remplacéiert. Vum 1. Oktober u ginn et zum Beispill keng Limitte méi fir privat Kontakter an och d’Distanzreegele sollen da just nach Recommandatioune sinn. D’Persounelimitatioune pro Quadratmeter falen ewech, mellt den SR.

An de meeschten ëffentleche Beräicher gëtt d’Maskeflicht duerch d'3G-Reegel ersat. Dat heescht, dass een an de Restauranten oder an den Diskoe kee Mond- an Nueseschutz méi mussen unhunn, wann alleguerten d’Leit geimpft, getest oder geheelt sinn. Och an de Schoulgebaier ass de Mask vun e Freideg un net méi obligatoresch.

Am ëffentlechen Transport mussen d’Passagéier weiderhin hire Mond- an Nueseschutz unhunn. Dat selwecht gëllt fir den Eenzelhandel, ausser d’Personal kontrolléiert, ob d’Clienten d'3G-Reegel anhalen.

Op Plaze wéi Thermen, Saunaen oder an Diskoe gëllen nieft dem 3G-Regime nach “niedrigschwellige Hygienemaßnahmen”, heescht et vun der saarlännescher Landesregierung.

Déi nei Veruerdnung gëllt emol fir 2 Wochen. De Ministerpresident Hans huet awer ënnerstrach, dass d’Corona-Reegelen nees kënne verschäerft ginn, sollt sech d’Corona-Lag am Saarland nees zouspëtzen.

Back to Top
CIM LOGO