Virun de Walen a RusslandAmnesty International kritiséiert Ënnerdréckung vu Protest

RTL Lëtzebuerg
D'Mënscherechtsorganisatioun huet d'Ënnerdréckung vu friddleche Protester virun de Parlamentswalen am September a Russland schaarf kritiséiert.
© AFP/Archiv

Duerch ëmmer méi restriktiv Gesetzer souwéi haart Police- a Strofverfollegungsmoossnamen hätten déi russesch Autoritéiten d’Recht op friddlech Versammlungen esouwäit verännert, datt d’Méiglechkeet fir Protest kaum méi géif existéieren, beschreift een um Donneschdeg publizéierte Rapport vun Amnesty déi aktuell Situatioun. D’Organisatioun fuerdert dowéinst eng Reform vum Versammlungsrecht.

De Rapport “Russia: No Place for Protest” dokumentéiert, wéi d’Ënnerdréckung vu friddleche Protester a Russland zanter der Ofschafung vum federale Versammlungsgesetz am Joer 2004 zougeholl huet. Eng Rei vu Gesetzer goufen zanterhier geännert an ëmmer méi restriktiv applizéiert.

De Staat huet “praktesch all mënscherechtlech garantéierte friddleche Protest, dee seng Autoritéite net ausdrécklech zougelooss hunn, kriminaliséiert”, sou de Peter Franck, de Russland-Expert bei Amnesty International an Däitschland.

No den aktuelle Virschrëften däerfen, nieft Geriichtsgebaier, Prisongen, Presidente-Residenzen a Rettungszenteren, keng Versammlunge stattfannen, schreift d’Organisatioun. Donieft musse Versammlunge mat méi wéi 500 Leit iwwer ee Bankkonto, wat ageriicht muss ginn, finanzéiert ginn, soss gi se illegal.

Den Informatiounen no ginn dës Aschränkungen deelweis duerch regional Bestëmmunge souguer nach méi wäit. Am Verwaltungsbezierk Kirow zum Beispill sinn all Versammlungen an der Géigend vu Kultur-, Bildungs-, Medezin- oder Distraktiounsariichtungen, Akafszenter, Spillplazen a souguer Arrête vun ëffentlechen Transportmëttel verbueden - also praktesch iwwerall an de Stied. Spontan Versammlunge wiere generell verbueden a géife mat massiver Gewalt opgeléist ginn, wa se trotzdeem stattfannen.

Amnesty no gouf et am Joer 2012 am Fall vu Verstéiss géint d’Versammlungsgesetz eng Geldstrof vun 2000 Rubel (bal 25 Euro), 2021 läit de Betrag elo bei 300.000 Rubel (bal 3.500 Euro). Wann een d’Versammlungsgesetz e puer Mol verletzt, kann een zanter 2014 och wéinst enger Strofdot poursuivéiert ginn, sou d’Mënscherechtsorganisatioun. An deem Fall riskéiert ee bis zu 5 Joer Prisong.

Falls ënner dëse Konditiounen trotzdeem Protester stattfannen, ginn déi Amnesty International no gewaltsam duerch d’Police niddergeschloen. Sou wiere bei de Protester géint d’Inhaftéierung vum Oppositionellen Alexej Nawalny am Abrëll zu Sankt Petersburg Kampfsporttechnike géint Demonstranten agesat ginn. Och wiere Manifestante mat Matraquë geschloe ginn an Elektroschockwaffen zum Asaz komm.

Back to Top
CIM LOGO