BréisselAn der Belsch ginn d'Corona-Moossnamen erëm méi streng
D'Schoule ginn zou bis den 19. Abrëll. Geschäfter, déi net essentiell sinn, dierfe just nach Leit op Rendez-vous eraloossen.
Verëffentlecht: 24.03.21 14:44, Update: 25.03.21 08:02
Coifferen, Kosmetiker an Tattoostudioe mussen dogéint erëm ganz zoumaachen.
Dobaussen an der frëscher Loft dierf ee sech just nach zu 4 treffen.
D'Zuel vun den Neiinfektiounen ass an de leschten Deeg op méi wéi 4.000 den Dag geklommen.