
E Méindeg gouf déi nei Variant vun der Santésdirektioun (DGS) detektéiert a géif am Moment analyséiert ginn. Dausende sou Mutatioune goufe schonn entdeckt, ma just e Brochdeel dovunner ass spéider och wierklech geféierlech fir de Mënsch, respektiv ass méi einfach iwwerdrobar.
Am Fall vun der Bretagne gouf e Cluster vu Leit zu Lannion (Côtes-d’Armor) an engem Spidol entdeckt, déi déi typesch Symptomer vu Covid-19 haten, ma d’PCR-Tester sinn awer negativ ausgefall. Den 13. Mäerz goufen et 79 Infektiounen, bei 8 dovunner war et déi nei Variant.
Et géif elo gepréift ginn, wéi grouss den Impakt vun dëser Variant ass an op d’Mutatioun tatsächlech net vun de PCR-Tester erkannt ka ginn.
Wéi e Méindeg den Owend dunn annoncéiert gouf säitens dem DGS, géifen 1. Analysen net zu der Konklusioun kommen, dass de Virus méi geféierlech oder méi ustiechend ass, wéi déi mutéiert Varianten, déi mer den Ament kennen.
Fir den Ament ginn et 3 eis bekannte Varianten, déi der Fuerschung Suerge maachen, an zwar déi brittesch, déi südafrikanesch an déi brasilianesch Variant.
Et géif nach eng weider Kategorie ginn, déi Problemer maache kéint, an zwar eng Variant, déi eng speziell genetesch Charakteristik huet, ma déi awer praktesch ni entdeckt gëtt.