Direkt un der Grenz (F)An der Moselle maachen d’Variante vum Coronavirus den Autoritéite grouss Suergen

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 300 Fäll vun der südafrikanescher an der brasilianescher Variant sinn an de leschte 4 Deeg detektéiert ginn.

De franséische Gesondheetsminister Olivier Véran kënnt um Freideg an d’Moselle, fir sech z’informéieren.

De Buergermeeschter vu Metz, de François Grosdidier, huet sech schonn fir e lokale Reconfinement ausgeschwat. Dat wär leider néideg, mengt hien.

Déi allgemeng Covid-Situatioun a Frankräich ass relativ stabel. Wéinst de Mutatiounen, kéinten d’Zuelen däitlech unzéien.

Méi Informatioune bei de Kolleege vum 5minutes

Back to Top
CIM LOGO