
An der Strooss vun Hormus ass een Tanker attackéiert ginn, dat deelt déi brittesch Autoritéit fir Sécherheet an der Schëfffaart (UKMTO) e Sonndeg de Moie mat. Rieds geet bis ewell just vu materiellem Schued am Maschinneraum, Blesséierter soll et keng ginn. D'Schëff wier vun engem onbekannten Objet getraff ginn. Déi genee Hannergrënn sinn nach net gekläert.