
Déi zweet Dosis dierf och net méi al si wéi 6 Méint.
Wann Touristen um Fluchhafen zu Tel Aviv landen, musse se alleguer nach ee PCR-Test maachen. Just wann dat Resultat negativ ass, dierfe se aus der Quarantän eraus.
An engem Punkt bougéiert Israel awer iwwerhaapt net, nämlech, dass ongeimpfte Kanner nach ëmmer net an d‘Land kommen dierfen. Deementspriechend si Familljevakanzen am Hellege Land fir den Ament net méiglech. Israel war fir déi lescht 20 Méint praktesch zou fir d‘Touristen, ausser wann een eng speziell Autorisatioun hat.