Sträit ëm Corona-ManagementAngela Merkel wëll sech der Vertrauensfro net stellen

RTL Lëtzebuerg
Am Interview mat ARD-Brennpunkt huet d'Bundeskanzlerin ënnerstrach, dass dëse Schratt net néideg wier, si géing dat net maachen.

Nodeems e Mëttwoch de strenge Lockdown iwwer Ouschteren nees opgehuewe gouf, huet d’Kanzlerin d’Virgoen als hire perséinleche Feeler bezeechent. “Ech hu mech haut bei de Mënsche fir e Feeler entschëllegt. Dat ass, mengen ech, dat Richtegt, wat muss gemaach ginn”, sot d’Angela Merkel op der Tëlee.

Vun der Oppositioun am Bundestag gouf et staark Kritik. De Krisemanagement vu Bund a Länner gouf net guttheescht. Donieft gouf gefuerdert, dass d’Parlament misst besser agebonne ginn. Vun deene Lénken, der FDP an der AfD koum iwwerdeems d’Fuerderung, dass sech d’Merkel misst der Vertrauensfro stellen. Eng Fuerderung, déi si kloer ofgeleent huet. Fir si wier et méi wichteg, elo déi 3. Well an de Grëff ze kréien. De Virus wier nämlech méi aggressiv ginn, méi ustiechend a méi déidlech, huet d’Merkel erkläert.

Back to Top
CIM LOGO