
Se wär illegitim a misst annuléiert ginn, sou heescht et weider. D’Geriicht zu Den Haag hat domat enger Plainte vun der Corona-skeptescher Protestgrupp “Viruswourecht” Recht ginn. Der Opfaassung vum Geriicht no wär een aktuell awer net an enger akuter Noutsituatioun an d’Ausgangsspär wär eng grave Aschränkung an d’Beweegungsfräiheet an an d’Privatliewe vun de Leit. Dem éischten Urteel no hätt dës Mesure direkt misste gekippt ginn. Um Dënschdeg den Owend awer huet en Appellsgeriicht sech mat der Affär befaasst an dat éischt Urteel opgehuewen. Esou bleift et weider bei der Ausgangsspär vun 21 Auer un.
Zanter dem 23. Januar gëllt an Holland eng Ausgangsspär vun 21 Auer bis Moies 5.30. Nodeems d’Gesetz a Kraaft getrueden ass, goufen et massiv Protester uechter d’ganzt Land. D’Regierung hat dës Mesure op Basis vun engem Noutstand-Gesetz geholl. D’Parlament huet d’Gesetz also net musse matstëmmen.