GroussbritannienAreesmesurë gi verschäerft - et gëtt deier

RTL Lëtzebuerg
Konkret musse Leit, déi aus Länner, déi op der rouder Lëscht stinn, vum 15. Februar un 10 Deeg an engem Hotel a Quarantän.

33 Länner stinn aktuell op der rouder Lëscht vu Groussbritannien, a wien vun do aus wëll op d’Insel oder an Nordirland areesen, muss vun elo un op d’mannst fir 10 Deeg an engem Hotel a Quarantän goen. 4.600 Zëmmeren a ronn 16 Hoteller bei verschiddene Fluchhäfe goufen dofir reservéiert. Eng weider 58.000 Zëmmere sinn am Stand-By. Een Openthalt am Hotel kascht ronn 2.000€ pro Persoun.

Dës Mesurë soll d’Verbreedung vun den neie Coronavirus-Mutatiounen ënnerbannen. Wat d’EU ugeet, sou ass just Portugal op der rouder Lëscht. Donieft sinn et da Länner wéi Südafrika a Brasilien, wou jo déi nei an méi ustiechend Mutatiounen hierkommen.

All d’Leit déi aus anere Länner wëllen areesen, musse sech weiderhin 10 Deeg no hirer Arrivée selwer isoléieren an dann nieft hirem Test fir anzereesen, nach 2 weider Tester maachen, wa se bis op der Insel sinn. Dofir muss ee ronn 240 Euro pro Test bezuelen an iert een areest muss een och beweise kënnen, dass ee schonn e RV fir d’Tester geholl huet.

Back to Top
CIM LOGO