Faux-pas um WaldagArmin Laschet (CDU) faalt säi Stëmmziedel de falsche Wee

RTL Lëtzebuerg
Ouni klengen Tëschefall dogéint sinn d'Spëtzekandidate vun "Die Grüne" an der SPD doduerch komm.
Ambiance bei den däitsche Walen
Och déi dräi Spëtzekandidaten hunn e Sonndeg hir Stëmm mat méi oder manner Problemer ofginn.

Duerch dës liicht penibel Aktioun konnt all Mënsch am Walbüro, dorënner och d’Vertrieder vun der Press, gesinn, wat de Kanzlerkandidat gewielt huet. Wéinst dem Walgeheimnis ass et verbueden, e Stëmmziedel esou anzegeheien, datt een direkt vu bausse gesäit, wat gewielt gouf. Genau dat ass awer dem CDU-Spëtzekandidat Armin Laset geschitt, wéi hien zu Oochen seng Stëmm wollt ofginn. Donieft huet hien den Ziedel esou gehalen, datt och jidderee konnt gesinn, wat hien ugekräizt huet.

Dat keng aner Persoun soll gesinn, wat ee gewielt huet, ass an Däitschland agefouert ginn, fir eventuell aner Wieler net ze beaflossen.

De Chef un de Bundeswale Georg Thiel huet awer scho kuerz no der Publikatioun vun dësem klenge Faux-pas reagéiert. Well hei awer e bundeswäit bekannte Politiker wéi erwaart seng eege Partei gewielt huet, kann “heira keng Beaflossung vu Wieler gesi ginn”.

Wann eng Persoun säi Ziedel falsch faalt, gëtt se vum Personal vum Walbüro drop opmierksam gemaach a si kritt en Ziedel, fir ze wielen. Sollt et awer ze spéit opfalen an den Ziedel läit schonn an der Urn, esou gëtt den Ziedel awer als gültege Walziedel matgezielt.

La bourde du candidat conservateur en Allemagne
Le chef de file des conservateurs d’Angela Merkel a commis une grosse bourde dimanche lors du vote pour les législatives

Déi gréng Kanzlerkandidatin Annalena Baerbock war zu Potsdam a Brandenburg wielen a Begleedung vun hirem Mann. De leschte Sondage no ass si eraus aus der direkter Course ëm d’Kanzleramt, mee natierlech bleift d’Hoffnung op e staarkt Resultat, fir an enger Koalitioun dobäi ze sinn.

An och den SPD-Kanzlerkandidat Olaf Scholz war zu Potsdam säin Ziedel ausfëllen. Den 63-Joer ale Finanzminister gëllt als deen aussiichtsräichste Kandidaten, fir no 16 Joer Merkel d’Successioun unzetrieden.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO