Krich an der UkrainArtilleriebeschoss soll russesch Panzerkompanie zerstéiert hunn

RTL Lëtzebuerg
Eng ukrainesch Dron soll eng Kompanie vu moderne russeschen T-90-Panzer lokaliséiert hunn. De Recht hätt dunn Artillerie gemaach.

Am Mee 2022 war der ukrainescher Artillerie e grousse Coup gelongen, wéi si bei enger vun der Russen opgeriichter Bréck 35 Gefierer vun engem russesche Batailloun zerstéiert hunn. Engem ukrainesche Journalist no wier ee Joer méi spéit en änlechen Erfolleg ze verbuchen.

De Krichskorrespondent Andrei Tsaplienko huet e Freideg op engem Telegram-Kanal Dronebiller gewisen, déi méi russesch Panzer solle weisen. “Eng Kompanie vu russeschen T-90-Panzer, bis zu 10 Stéck, goufe enger Meldung no an der Nuecht vun HIMARS-Rakéiten zerstéiert”, esou den Text bei de Biller. D’Panzer wiere vun enger Poseidon-Dron am Bezierk Petrowski, wat zum Deel vun Donezk gehéiert, dee Russland besat huet, lokaliséiert ginn. D’Panzer wiere wuel ënnerwee gewiescht, fir sech enger russescher Attack op Majinka unzeschléissen.

Just unhand vun de Biller awer loosse sech d’Schied vun de Panzer net feststellen. Eng Ekipp vum däitschen RTL an ntv huet d’Biller analyséiert a kënnt zum Entschloss, datt et sech effektiv ëm Dronefotoen aus dem Bezierk Petrowski handelt. Der Vegetatioun no kéint et och méiglech sinn, datt d’Biller aktuell sinn.

D’Stad Marjinka läit schonn zanter 2014 un der Front an ass gréisstendeels zerstéiert. Bis ewell ass et de Russen awer net gelongen, d’Stad ganz anzehuelen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO