Am Januar bei SchweinfurtAttack op ICE-Streck geet wuel op Konto vu Corona-Géigner

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Ermëttler weist villes drop hin, datt Géigner vun de Corona-Mesuren hannert dëser Attack stiechen.

Am Mëttelpunkt vun den Ermëttlunge steet e 36 Joer ale Mann a seng 34 Joer al Fra.

Op Dräikinneksdag huet en ICE missten eng Vollbremsung maachen, nodeems hien iwwert eng Plan gefuer war, déi tëscht Holzlaten fixéiert war. Op der Streck goufen nach weider esou Konstruktioune fonnt. Den Zuch selwer gouf liicht beschiedegt, blesséiert gouf zum Gléck keen.

No Indicë vun Zeien hätt d’Police verschidde Wunnengen an der Regioun duerchsicht a Beweismëttel, esou wéi Handyen a Festplacke saiséiert. Ob d’Spueren, déi op er Plaz fonnt goufen, zum Haaptverdächtegen oder deem sengem Ëmkrees passen, ass nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO