HollandAusgangsspär krut elo nodréiglech e legale Kader
RTL Lëtzebuerg
Dat hollännescht Parlament huet d'urgence e Gesetz gestëmmt, fir de Couvre-feu ze legaliséieren, dee virdru vum Verwaltungsgeriicht gekippt gi war.
Update: 19.02.2021 18:29
De Couvre-feu gëllt hei zanter Mëtt Januar, ma war op Basis vun engem Noutstandsgesetz decidéiert ginn an d’Geriicht huet decidéiert, dass dëst keng akut Noutsituatioun wier. Deemno huet d’Mesure elo en neie legale Kader musse kréien.