Aarbechtsvisitt am NordenBenelux-Ausseministern op Visitte an Norwegen an an Island

Jeannot Ries
Norwegen an Island sinn zwar net EU-Member, sinn awer ganz enk mat der Unioun verbonnen.
Benelux-Ausseministern op Visitte an Norwegen an an Island
Norwegen an Island sinn zwar net EU-Member, sinn awer ganz enk mat der Unioun verbonnen.

Déi 3 Ausseminister aus der Belsch, Holland a Lëtzebuerg, waren déi lescht Deeg op Aarbechtsvisitt am héijen Norden. Zesummen als Benelux Staate Partner besiche gëtt zur Traditioun. Des Kéier goung et an Norwegen an an Island. Mat am Mëttelpunkt vun de Gespréicher de Relatioune mat der Europäescher Unioun, der russesch Invasioun vun der Ukrain an de Spannungen ronderëm d'Arktis.

(de g. à dr.) Kristrún Frostadóttir, Première ministre de l'Islande ; Xavier Bettel, ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérie
(de g. à dr.) Kristrún Frostadóttir, Première ministre de l'Islande ; Xavier Bettel, ministre des Affaires étrangères et du Commerce extérie
© MAE

Norwegen: "Si sinn un éischter Front", sou de Xavier Bettel

Norwegen an Island sinn zwar net EU-Member, sinn awer ganz enk mat der Unioun verbonnen. Duerch den Europäesche Wirtschaftsraum an de Schengenraum. Am Weste vun der skandinavescher Hallefinsel, spillt Norwege mat senger direkter Grenz mat Russland den Ament eng wichteg Roll wat d'Spannunge mat Moskau ubelaangt.

Den Ausseminister Xavier Bettel: "Si kennen se am beschten. Et sinn Noperen. Dat heescht si hunn och Observatiounen, si kënnen eis Infoe ginn. Si kënnen eis, wéi een op gutt Lëtzebuerg seet, fiddere mat Informatiounen. Si wëssen och, dass se op eis ziele kënnen als NATO. Norwegen ass och Member vun der NATO. Island ass och esou en hybride Member vun der NATO, mee si hunn awer keng Arméi. Dowéinst am Fong si se eng Statioun, wou dann awer d'Bündnis kann drop zielen. An dowéinst ass e Land wéi hei (Norwegen) esou wichteg. Si sinn un éischter Front."

Norwege gouf, grad wéi zum Beispill d'Baltesch Staaten, bannen dem leschte Joer Affer vu russeschen hybriden Attacken.

© MAE Luxembourg

An Island ass d'Stëmmung eng aner

An awer sinn och do NATO-Truppe stationéiert. Do geet et ënner anerem drëms, de Passage vun där sougenannter russescher 'Schattenflott' duerch d'Arktis z'iwwerwaachen. Hei spillt de Klimawandel, dat et iwwerhaapt dozou kënnt.

"Et gesäit een am Fong, wat schrecklech ass, duerch am Fong de Klimawandel, eng Situatioun, wou haut verschidde Länner soen, och hei dat sinn nei Opportunitéiten, da kënne mer méi séier mam Schëff duerchfueren. Ech gesi virun allem eng Gefor. A mir sinn amgaangen am Fong eise Planéit awer futti ze maachen. A wësst der, wann ech, wéi ech Premier war, hunn ech mat ganz ville Staatscheffe geschwat vu klengen Inselen, déi am Fong net méi wëssen, wéi laang déi ginn. An déi Fro, an déi Suerg dierf kengem egal sinn", sou de Lëtzebuerger Ausseminister.

© MAE

De Klimawandel um Ursprong vun neie geopolitesche Spannungen an der Arktis

D'Äis wat schmëlzt, mécht d'Arktis op ee Mol attraktiv. Vun den Handels-Routë bis d'Buedemschätz: "Do ass Amerika normalerweis ëmmer deen éischten, dass wann ee mengt, dass do iergendwéi en Deal ze maachen ass, anerer kommen. Mir gesinn awer och China, mir gesinn och Russland. A mir gesinn awer och als Europäesch Unioun, dass mer net dierfen nokucken."

Island, e ganz enke Partner vun der EU

Thema op der Insel, wou déi 3 Ausseminister ënner anerem vun der Premier Ministesch Kristrun Frostadottir empfaange goufen, war d'Resultat vum rezente Referendum, wou sech 52,8 % vun den Awunner géingt nei Bäitrëttsverhandlunge mat der Europäescher Unioun ausgeschwat hunn. "E Resultat wat mer acceptéiere mussen", sou de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel. Wat awer net bedeite géif, dat Island net weider e ganz enke Partner vun der EU bleift.

Back to Top
CIM LOGO