D'russesch Invasioun vun der Ukrain an déi ëmmer méi direkt Provokatioune vu Moskau op NATO-Territoire setzen déi respektiv national Defensen an d'Industrie ënner Drock. Waffesystemer, dorënner Dronen, mussen ëmmer nees séier, technesch ugepasst ginn. An et muss och méi produzéiert ginn. Eng Reaktioun kënnt elo vun de Beneluxpartner, déi méi enk zesummeschaffe wëllen. Fir méi reaktiv ze ginn. Awer och méi Visibilitéit ze kréien.
"Il y a une menace réelle, oui. Sûrement, on vit dans un temps, où il y a menace hybride, qui se présente chaque jour partout en Europe", sou de Brigad-Generol Gunther Godefridis, dee Mann, dee bei der belscher Arméi d'Beräicher Entwécklung a Bereetschaft a Punkto Cyber, also och Drone leed. D'Zukunft vun der Verdeedegung. Mat groussen Erausfuerderungen, sou de belsche Militär.
"C'est le développement de la technologie qui va très, très vite. Tellement vite, que c'est parfois un challenge de l'incorporer dans tout le système. Et aussi la production d'une quantité non négligeable, parce que ce qu'on voit en Ukraine, c'est quand même très, très grand et actuellement nos industries ne sou pas prêts pour produire ces quantités."
Well een zesumme méi staark ass, hu sech elo an dësen extreem usprochsvollen Zäiten d'Acteuren aus dem Beräich Defense, aus den dräi Benelux-Staaten zesummegedoen, fir weider un Knowhow, Gewiicht a Visibilitéit ze gewannen.
De President vu Luxdefence, André Wilmes erkläert: "D'Iddi ass wierklech, déi dräi Länner an d'Base vun den Industrien an deenen dräi Länner à long terme besser ze verbannen a méi enk ze verbannen. Fir dass halt den Echange vun Technologie an och vu Businessopportunitéiten, an d'Produktioun vu gréissere Systemer zesummen an der Zukunft méi séier virukënnt."
"Hei am Raum, ass och scho Gréisseres do", sou den André Wilmes weider.
Wann ee vu groussen Acteuren am Beräich Verdeedegung schwätz, denkt ee spontan u Groussbritannien, Frankräich, Däitschland oder Italien. Ma d'Entreprisen aus dem Secteur, déi an Holland, der Belsch, respektiv Lëtzebuerg aktiv sinn, bräichte sech net ze verstoppen. Entreprisen, déi awer zum Deel op grouss Diskretioun setzen. En Interview mat enger Firma, déi elo zu Lëtzebuerg ufänke wäert nieft ziville Produkter och Stécker fir Dronen ze produzéieren, gouf a leschter Minutt ofgesot. Anerer schwätze ganz oppen driwwer, wéi hire Projet wiisst. Vun 8 op 50 Mataarbechter bannent engem Joer.
Den Nicolas Zharov vu LUXUAV iwwer d'Evolutioun vun der Firma, déi Drone fir d'Ukrain produzéiert: "On a doublé en production, et en planifié de doublé encore une fois les mois prochains. Et compte tenu qu'on vient de signer un memorandum of understanding avec un des plus grands producteurs des drones en Ukraine, pour la Belgique et pour Luxembourg, je pense que les capacités vont monter."
Méi produzéieren, en Defi fir d'Industrie mat Bléck op d'Ukrain. Awer och d'Technologie muss konstant adaptéiert ginn. Wat d'Technik ubelaangt, do kéint eng Entreprise hei am Land, d'SES, eng Schlësselroll iwwerhuelen, sou den Nicolas Zharov: "Je pense, que le plus important, c'est l'autonomie dans les drones et la connectivité. C'est exactement quelque chose, qu'on essaie de résoudre. Je pense que Luxembourg l'est bien positionnée grâce à notre expertise dans les domaines spatiales. Donc on essaie de descendre ça aux stratosphères et dans les couches qui sont inférieures."
Un Erausfuerderungen, feelt et net. Och d'Politik muss reagéieren, sou d'Generalsekretärin vum Benelux, Ariadne Petridis. Europawäit musse Legislatiounen harmoniséiert ginn. Ee konkreet Beispill virun onser Hausdier: D'Polizisten aus de Benelux-Staate schaffen zanter Joren, um Buedem, iwwer d'Grenzen eraus zesummen. An der Loft, gëllt dat awer nach net fir Dronen.