KabulBiden warnt viru weiderem Attentat an den nächste 24 bis 36 Stonnen

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virum komplette Réckzuch vun der amerikanescher Arméi hält den US-President eng weider Attack fir "ganz warscheinlech".

Dat sot den Joe Biden e Samschdeg den Owend. Dës Informatioun kéim vu senge Militärkommandanten an hien hätt dofir och alles an d’Weeër geleet, fir d’Zaldoten op der Plaz sou gutt wéi méiglech ze schützen.

D’USA géingen och net zécken, weider Dronenattacken, wéi déi e Freideg, ze fléien, sou de President. Dobäi goufe jo 2 Membere vum Islamesche Staat ëmbruecht. Dëst war eng Revanche vun den Amerikaner op d’Selbstmordattentater zu Kabul, bei deene jo iwwer 150 Afghanen an 13 US-Zaldoten ëm d’Liewe komm sinn. Verschidde Medie schwätzen esouguer vun 170 Doudesaffer.

D’US-Militär huet eegenen Aussoen no e Sonndeg an der afghanescher Haaptstad aus der Loft en Auto ugegraff, fir eng Menace op de Flughafe Kabul duerch Terroristen ze verhënneren. Eng Dron hätt mat Succès op en Auto vun der Terrormiliz IS geschoss, huet d’US-Militär den Owend erkläert. D’Taliban hunn hirersäits och vun enger Attack geschwat, mellt d’Noriichtenagence AP.

Well et no der Rakéitenattack zu weideren Explosioune koum, geet een dovun aus, datt den Auto mat enger grouss Quantitéit u Sprengstoff geluede war. Et soll elo gepréift ginn, ob et bei der Attack zivil Affer gouf. Bis ewell géif et awer keng Indicen dorop ginn, heescht et weider.

Den US-President Joe Biden hat zanter gëscht Owend virun esou enger Attack gewarnt. Eréischt en Donneschdeg ware bei engem Attentat vum islamesche Staat um Fluchhafen zu Kabul iwwer 100 Mënschen ëm d’Liewe komm.

Iwwerdeems ginn d’Evakuéierunge vun der US-Arméi nach weider bis en Dënschdeg den 31. August. D’Amerikaner si sech dann och mat den Taliban eens ginn, fir den Transfert vum Fluchhafen zu Kabul sou séier wéi méiglech iwwer d’Bün ze bréngen. Et wär ee prett, déi komplett Kontroll z’iwwerhuelen, sou heescht et vun engem Spriecher vun den Taliban. Si hätten een Team vun Experten, déi an der Lag wieren, d’Technik um Fluchhafen ze bedéngen.

Back to Top
CIM LOGO