
Nodeems sech e Berodergremium vun der FDA schonn dofir ausgeschwat hat, huet d’US-Medikamentenagence elo Gréng Luucht fir d’Noutfallautorisatioun ginn. Elo muss sech formell och nach d’Gesondheetsautoritéit CDC domadder befaassen.
Deemno kann d’Impfcampagne fir déi knapp 28 Millioune Kanner an den USA, wéi vum Wäissen Haus geplangt, nach am November starten. Bannent den nächsten Deeg solle 15 Milliounen Impfdosissen u Kannerdokteren, Klinicken an Apdikte geliwwert ginn.
Och an Europa hu Biontech/Pfizer eng Zouloossung vun hirem Corona-Impfstoff fir Kanner an dësen Altersgruppen ugefrot.
